Event

Yoga & Music

25.10.2026
Cube 521
Cube 521 - Gemeinde Clervaux

Ootmen. Ukommen. Lassloossen. 


Bei Yoga & Music verbënnt d’Patricia, laangjäreg Yogasenseignante, d‘Kraaft vum Hatha Yoga mat beréierende Kläng vu Live-Musek. Den Ufank an de Schluss vun all Sessioun gëtt musikalesch begleet an hei kennen d’Participanten sech op ënnerschiddlech musekalesch Klangwelten aloossen.


Am Mëttelpunkt sti bei dësem Yoga & Music Zyklus véier Instrumenter: d‘Harf, d‘Perkussioun, den Akkordeon an de Piano. 


Eng immersiv Erfarung fir de Kierper, de Geescht an d’Sënner!


Participanten si gebieden hir eege Yogasmatt matzebréngen. All Niveauen si wëllkomm.



From ECHO.lu


De Yoga & Music Zyklus ass als Abo an Zesummenaarbecht mam CAPE Ettelbréck buchbar. 

.


Abo Package: 4 Sessiounen 80 € 

SO, 25.10.2026 | 09:30 @ Cube 521 : Musikalesch Begleedung vum Dina Nimax op der Harf.

SO, 13.12.2026 | 09:30 @ CAPE : Musikalesch Begleedung mat Percussiounsinstrumenter.

SO, 14.02.2027 | 09:30 @ Cube 521 : Musikalesch Begleedung vum Frin Wolter um Akkordeon.

SO, 07.03.2027 | 09:30 @ CAPE : Musikalesch Begleedung vum Arthur Possing um Piano.

Der Inhalt dieser Seite wurde von echo.lu übernommen. Die Gemeinde Weiswampach übernimmt keine Verantwortung für die Richtigkeit, Vollständigkeit oder Rechtmäßigkeit der bereitgestellten Informationen. Alle Veranstaltungsdetails können sich ändern und dienen ausschließlich Informationszwecken.