Event

„Wir kriegen die Kurve!?“

01.10.2026
Centre écologique Park Housen  - Gemeinde Hosingen

Mir invitéieren Iech häerzlech op eis Klimapakt-Assises ronderëm d’Thema Energiewend mam Titel „Wir kriegen die Kurve!?“From ECHO.lu.

D’Veranstaltung riicht sech un all Interesséiert a kann ouni Basiskenntnisser besicht ginn.

De Prof. Dr. Christian Stöcker ass Psycholog, Journalist, Auteur a Professer fir Digital Kommunikatioun op der HAW Hamburg. Virdru war hie méi wéi eelef Joer fir SPIEGEL ONLINE täteg. Haut beschäftegt hien sech intensiv mat de groussen Transformatiounsprozesser vun eiser Zäit an domat, wéi technologesch Entwécklungen, gesellschaftleche Wandel an Energiewend zesummespillen. Als Auteur vu verschiddene Sachbicher a laangjäregen SPIEGEL-Kolumnist versteet hien et, komplex Zesummenhäng verständlech, fundéiert a pointéiert ze vermëttelen.

A sengem Virtrag hëlt de Prof. Dr. Stöcker Iech mat op eng spannend an anschaulech Rees duerch d’Energiewend a weist, mat wéi engem beandrockenden Tempo den Ëmbau hin zu erneierbaren Energien haut scho virugeet – a wéi eng Erausfuerderungen nach virun eis leien.

Well d’Zuel vun de Participante limitéiert ass, biede mir Iech, Iech iwwer de QR-Code respektiv dësen Link unzemellen:

https://forms.cloud.microsoft/e/i5bLiemxec?origin=lprLink

Fir Gemengepersonal kann d’Participatioun un der Veranstaltung am Kader vum Klimapakt als Weiderbildung ugerechent ginn.

.

Mir freeën eis op Är Participatioun!Wir kriegen die Kurve Flyer

Der Inhalt dieser Seite wurde von echo.lu übernommen. Die Gemeinde Weiswampach übernimmt keine Verantwortung für die Richtigkeit, Vollständigkeit oder Rechtmäßigkeit der bereitgestellten Informationen. Alle Veranstaltungsdetails können sich ändern und dienen ausschließlich Informationszwecken.