Eng Éierung fir d’Gemeng
Gemeinden als privilegierte Partner im Kampf für den Naturschutz

Die Gemeinden sind wichtige Partner des Staates im Bereich des Natur- und Ressourcenschutzes. Durch ihre Entscheidungen können sie einen wesentlichen Beitrag für den Schutz der Artenvielfalt und der natürlichen Lebensräume leisten.

Der Staat will den Gemeinden mit dem Naturpakt im Zeitraum von 2021 bis zum 31. Dezember 2030 einen legislativen, finanziellen, technischen und beratenden Bezugsrahmen bieten, um ihr gezieltes Eingreifen im Bereich des Naturschutzes und gegen den Verlust der biologischen Vielfalt zu erleichtern.

Mit dem Naturpakt soll das Engagement für den Naturschutz auf Gemeindeebene gefördert werden, damit die Kommunen ihren Beitrag leisten können zur Umsetzung der Ziele des/der:

  • Nationalen Naturschutzplans
  • Wasserbewirtschaftungsplans (ökologische Komponente)
  • Strategie zur Anpassung an die Auswirkungen des Klimawandels (ökologische Komponente)
Ein Maßnahmenkatalog zur Förderung des Engagements von Gemeinden und deren Zertifizierung

Um festzustellen, ob eine Gemeinde einen Anspruch auf die Zertifizierung „Naturpakt Gemeng“ hat und um die Höhe des zu vergebenden Zertifizierungszuschusses zu berechnen, wird der Leistungsstand der Gemeinde in Bezug auf die aus einem Katalog umgesetzten Maßnahmen bewertet.

  • 40% „Basis Zertifizierung“
  • 50% „Bronze“
  • 60% „Silber“
  • 70% „Gold“
Unsere Gemeinde und der Naturpakt

Am 9. November 2021 hat die Gemeinde Weiswampach den Naturpakt unterschrieben.

Erhalt der Basiszertifizierung im Rahmen des Naturpakts
Der Bericht über die im Rahmen des Naturpakts durchgeführte Prüfung
PEFC Zertifizierung

Am 2. August 2022 hat die Gemeinde Weiswampach sich zu einer nachahltigen Forstwirtschaft verpflichtet. Ihr wurde am 8. August 2022 die entsprechende PEFC Zertifizierung zugeteilt.

PEFC-Zertifizierung
Naturpakt-Dag 2025: Eng Éierung fir d’Gemeng Wäiswampech

De 27. Juni gouf der Gemeng am Kader vum Naturpakt-Dag d’Trophée fir d’Bronze-Zertifizéierung vum Här Serge Wilmes, Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit, iwwerreecht. Domat gouf d’Engagement vun der Gemeng Wäiswampech am Beräich vum Natur- a Waasserschutz ausgezeechent.

Den Naturpakt-Dag ass e järlecht Event vun der Klima-Agence zesumme mam Ëmweltministère. Dësen Dag bréngt d’Acteuren aus dem Beräich Natur- a Waasserschutz zesummen an ziilt dorop of, d’Beméiunge vun de Gemengen ze celebréieren. D’Ausgab vun 2025 gouf vum Naturpark Our co-organiséiert an huet zu Maarnech stattfonnt.

Moies haten d’Participanten d’Méiglechkeet, un enger vu véier thematesche Visitten deelzehuelen, fir konkret Natur- a Waasserschutzprojeten op der Plaz kennenzeléieren:

  • Visitt 1 huet op d’Éimeschbaach an d’Leeresmillen gefouert. Op der Éimeschbaach gouf d’Leekaul – eng al Minn, déi geziilt fir Fliedermais amenagéiert gouf – gewisen. Op der Leeresmillen hunn d’Visiteuren den Agroforst-Projet vun natur&ëmwelt an déi renaturéiert Trëtterbaach mat den nobäi geleeënen naturnoe Weiere kennegeléiert.
  • Visitt 2 huet déi Deelhuelend op de Golf de Clervaux verschloen, wou déi sëlleg Usote mat heemeschem Wëllplanzesom a Strukture fir Wëlldéieren, wéi Doudholzhecken a Steekéip, déi an enger Zesummenaarbecht mam Naturpark-Projet „D’Naturparken zu Lëtzebuerg – (een) Insekteräich“ ugeluecht goufen, bewonnert gi konnten. De Christian Mathieu, e Bio-Bauer aus der Gemeng Wëntger, huet am zweeten Deel vun der Visitt den Interesséierten méi iwwert seng déifgrënneg Erfarunge mam nach manner verbreete Biodiversitéitsprogramm „Schutzäcker für seltene Ackerwildkräuter“ erzielt.
  • Visitt 3: Donieft huet d’Robbesscheier op en Tour vun hirem Site agelueden, wou – nieft hirem Geméisgaart, deen direkt fir d’Platen am Restaurant produzéiert – hir Moossname fir den Insekten- an Aarteschutz bewonnert gi konnten. D’Réserve forestière intégrale „Akescht“ an der Gemeng Parc Housen gouf vun der Natur- a Bëschverwaltung präsentéiert.
  • Mat der Visitt 4 konnten interesséiert Leit sech e Bild vun der Wanderschäferei Weber maachen. Hei konnt een op der Wiss nieft de Schof aus éischter Hand gewuer ginn, wéi wichteg extensiv Beweedung fir d’Natur an d’Erhale vun de Biotopen ass. Op der Kaalbermillen huet natur&ëmwelt en Abléck an hiren naturpedagogesche Gaart, de Waassererliefniszentrum an hire renomméierte Projet zur Flossperlmuschelopzuucht ginn.

Am Nomëtteg stounge verschidden aktuell a wichteg Naturschutzthemen am Mëttelpunkt vu Präsentatiounen. Zum Ofschloss goufen d'Trophéeën am feierleche Kader iwwerreecht – dorënner och déi un eis Gemeng Wäiswampech.

Naturpakt-Dag 2025