Konst am Gaart zu Ëlwen – e perfekte Sonndeg fir d'ganz Famill!
Sonndes, den 10. Mee, verwandelt sech de Jardin à Suivre vun 11:00 bis 18:00 Auer an eng lieweg Plaz voller Kreativitéit, Genoss a gudder Stëmmung.
Ronn 50 Stänn lueden iech an fir ze stöberen – entdeckt léif gemaachten Unikater, Konschtwierker an originell Cadeau-Iddien.
.Fir Iessen & Gedrénks suergen d’Veräiner aus der Gemeng
De ganzen Dag iwwer gëtt et spannend Kanneranimatiounen – organiséiert vum Naturpark Our, der Materiatéik an dem Jugendhaus Ëlwen.
Och fir musikalesch ass beschtens gesuergt:
• Aperitifskonzert vun den Ëlwenter Heedbléiser
• DJ Aholics suergt fir gutt Stëmmung
• Optrëtt vun enger Grupp aus dem Jugendhaus vun Ëlwen
• Live-Musek mat TwoVoiSis
Kommt laanscht, genéisst déi flott Atmosphär a verbréngt e relaxen an inspiréierende Dag mat Famill a Frënn!
Jardin à Suivre, Ëlwen
Sonndeg, den 10. Mee
11:00 – 18:00 Auer
Mir freeën eis op iech!