News

E Bam an d' Gewan

17/06/2025
17/06/2025

Bei dësem Projet beméit d' Fondatioun Hëllef fir d' Natur sech scho säit iwwer 10 Joer dorëms, méi Struktur an der Landschaft ze schafen.

Solitärbeem a Bamreie stelle fir eng ganz Rei Déiere wichteg Liewensraim duer. Si déngen och als Trëttsteng, bzw Korridoren an hëllefen esou ville Liewewiesen, fir gréisser Distanzen ze iwwerbrécken.

An eiser moderner Agrarlandschaft feelt et leider oft un eeben deenen Trëttsteng a Korridoren, sou dass deelweis keen Austausch méi zwëschent verschiddene Populatioune ka stattfannen. Dëst kann am schlëmmste Fall seguer zum Ausstierwe vu verschiddenen Aarte féieren.

Och aus der Siicht vun der Landwirtschaft sinn esou Strukturelementer interessant. Beem maache Schiet, vun deem virun allem d' Deiere profitéieren. Si fille sech méi wuel a kënnen doduerch och méi produktiv sinn. Sou kann z.B. bei extreemer Hëtzt d'Mëllechleeschtung ëm bis zu 3 l/ Dag erofgoen, wann et de Béischten um néidege Schiet an Ofkillung feelt. Och d' Fleeschproduktioun kann duerch Reduzéieren vun Hëtzestress gesteigert ginn.

Bei de Feldfriichten ass et bewisen, dass Solitärbeem, a virun allem Bamreie e positiven Effekt hunn. Si verhënnere Buedemerosioun a bidde Wandschutz. Duerch dëse Wandschutz dréchent de Buedem vill manner séier aus, wat bei den ze erwaardenden dréchene Summeren an Zukunft ëmmer méi vu Virdeel wäert sinn.

Et ass bewisen, dass Bamreien dozou bäidroen, den Ertrag, virun allem an extreeme Joren, ze stabiliséieren, an esou laangfristeg zu méi engem héijen Ertrag féieren.

De Projet ass gratis fir all Participant. Déi eenzeg Bedingung ass, dass et ausserhalb vum Bauperimeter muss sinn. Mer kucke bei engem Rendez-vous op der Plaz zesummen, wat Är Virstellunge sinn a këmmeren eis dann ëm de Rescht. Organisatioun, Planzung an och de passende Weideschutz gi komplett vun der Fondatioun iwwerholl.

Niewent all den positiven Eegenschafte sollt een och den ästheeteschen Aspekt net ausser Uecht loossen. Solitärbeem sinn eng schéi Beräicherung an eiser Kulturlandschaft.
Wann Dir Loscht hutt, fir een oder méi Beem ze planzen, da mellt Eech bei der Fondation Hëllef fir d'Natur bis den 15.08.25

Fondation Hëllef fir d'Natur  
+352 621 377 277
+352 26 90 81 27 1
Environnement