Nieft der Planung goufen am Kader vum Naturpakt och praktesch Moossname mat konkreten Impakter op d‘Natur ëmgesat, beispillsweis:
✅ de Schutz vu Fliedermais, an deem s d’Späichere vu verschiddene Kierchen fir Fliedermauskolonien notzbar bleiwen; 🦇
✅ d’Installatioun vun Nisthilfen fir Villercher, Schléifer an Igele wéi och d’Uleeën vu Wëllblummewisen, Sandarien, Doudholzhecken, Steekéip a Wëllbeienhoteler, wouduerch bedrot eenheemesch Déierenaarten ënnerstëtzt ginn; 🦎🐦
✅ d’Ëmstellung vun de Bewirtschaftungsmethode vun de Wisen an de Feldweeränner, wouduerch Liewensraum fir beispillsweis Bestëbser an Igele geschaf gëtt. 🦋🦔
📢 Wat déi zukünfteg Naturschutz-Beméiunge vun der Gemeng betrëfft, soll et definitiv net bei de genannte Beispiller bleiwen. Weider Naturschutz-Moossname si geplangt, och fir d’Liewensqualitéit an der Gemeng ze stäerken!