Méi net am Mee am Naturpark Our – D’Gemeng Wäiswampech mécht mat 💪🌱

Maach och Du mat! Méi Informatioune ginn et op naturpark-our.lu

D’Virbereedunge lafen op Héichtouren 🔥

👉 D’Stickere sinn ukomm!

Komm Dir ab haut Däi “Méi net am Mee”-Sticker op d’Gemeng sichen.

Domat deels Du Denge Nopere mat, dass Du am Mee net méis an esou zum Naturschutz bäidréis 🐝

👉 D’Schëlder 🪧 sinn opgestallt fir iwwert d’Initiativ z’informéieren!

Maach mat an entdeck d’Planzen- an Déierendiversitéit op de Wisen an dokumentéier wat s De gesäis mat iNaturalist. Méi Informatioune ginn et op iNaturalist.org oder an der App 📷