D'Gemeng Weiswampach ënnerstëtzt den Projet WARLUX vun der Uni.lu

Den Message vum WARLUX Team fannt Dir hei drënner.

 Info zum projet WARLUX

Am Kontext vum Geschichtsprojet «WARLUX» iwwert den Zweete Weltkrich, sicht d’Universitéit Lëtzebuerg no Temoignagen, Geschichten, Dokumenter, Bréiwer, Postkaarten, Tagebicher, Fotoen,… iwwert d’zwangsrekrutéiert Jongen a Meedercher an hier Familljen.

Sidd Dir tëschent 1920 an 1927 gebuer? Waart Dir am RAD, am Kriegshilfsdienst, an der Wehrmacht, Refractaire oder gouft Dir fräigestallt? Oder kennt Dir eng Persoun (Familljemembere, Frënn,…) mat sou engem Schicksal?


Wa jo, da géif d’WARLUX-Team sech freeën vun
Iech ze héieren a mat Iech ze schwätzen.


Mellt Iech w.e.g. iwwer Telefon: + 352 46 66 44 9575 Fax: +352 46 66 44 36702 E-Mail: warlux@uni.lu

Méi Informatioune fannt Dir op http://www.c2dh.uni.lu/de/projects/warlux


Merci fir Är Participatioun,
d’WARLUX-Team.
C2DH